


Den Alen Elefant an déi Kleng Maus sinn déck Frënn.
Si liewen zesummen ënnert engem grousse Bam
an ënnerhuelen zesumme spannend Spazéiergäng
an d’ganz Ëmgéigend.
Déi Kleng Maus huet deen Alen Elefant ganz gär.
Duerfir ass si guer net frou‚
wéi hien enges Daags mat hir bei eng Bréck gaangen ass‚
déi an den Elefantenhimmel féiert.
Well si weess : Wien iwwert dës Bréck geet‚
dee kënnt net méi zréck.
Wéi awer den Alen Elefant ëmmer méi schwaach‚
an déi Kleng Maus ëmmer méi gescheit gi sinn‚
hëlleft si him op d’Bréck a léisst hie goen.
Si ass ganz sécher :
Enges Daags gesi si sech erëm!
Vu 5 Joer un
Collection: Albums
Thèmes: Amitié / Mort / Récit de vie / Vieillesse
Prix: 11,50 €
Date de sortie: septembre 2013
ISBN: 978-2-87142-854-1
D/2013/3712/37
Traduction de Josée Braun–Klincker